Apropos: Dier zum Gléck oder och net, 06/06/2018
Listen now
Description
Wien eng Dier zou mécht, mécht dat net aus Stolz a scho guer net well e Feig ass. Et mécht een dat meeschtens well dat, wat mer investéiert hunn näischt mat deem wat mer kritt hunn ze dinn huet. Et huet ee keng Loscht méi well d'Puzzlestécker net passen. An da kënnt de Sproch an dee kenne mer all. Wann eng Dier zou geet, geet eng Aner iergendwou op. A genee hei muss een oppassen. Déi nei Dieren déi nei Universumen vu Méiglechkeeten komme net vu Geeschterhand. Mir mussen aktiv ginn a se sichen. Villäicht musse mer eis se selwer bauen a bestëmmte Mechanismen an eis dran a Bewegung bréngen fir dass mer se op maache kënnen. Iwwerhaapt fält et engem meeschtens net einfach eng Dier zouzemaachen. Well iergendswéi loosse mer net nëmmen Saachen déi eis villäicht glécklech gemaach hunn hannert eis, et muss een och bestëmmte Saachen opginn, déi een ausmaachen zou engem passen an ee glécklech maachen. Et ginn e puer Saachen déi ee maachen kann, wann een e neit Kapitel am Liewen ufänkt. Egal a wéi enger Situatioun. Et soll een dat wat ee grad plangt mat sech selwer beschwätzen. Sech froen wat een dorun hënnert Dier zou ze maachen. Et kann ee sengen Ängscht och e Numm ginn a probéieren se ze rationaliséieren. A wéi gesäit et an Zukunft aus? Gëtt et besser oder awer eben net. Wichteg ass och seng Stärkten ze kennen. Ob déi soll ee sech konzentréieren, an ob d'Ëmfeld dat spillt hei och eng wichteg Roll. Ass dat gemaach, da kann ee sech un e Plang maachen wéi et am Liewe weidergoen soll.Och wann een heiansdo d'Gefill huet d'Welt géif ophalen mat dréinen. Dass et net sou ass brauch ech kengem méi ze soen.
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18